© Robyn Beck / AFP
Obwuel d‘Fortsetzung däitlech manner aspillt wéi säi Virgänger iwwertrëfft en d’Konkurrenz.
D’Kritik um éischte Jurassic World war gespléckt: Wärend di eng begeeschtert op eng Suite gewaart hunn, haten di aner scho längst mat der Dino Geschicht ofgeschloss. En zweeten Deel gouf et mat Jurassic World: Fallen Kingdom trotzdeem! An dee lackelt, wéi d'Zuele beweisen, ëmmer nach eng ganz Partie Fans an de Kino.
Um Erëffnungs-Weekend huet de Film 150 Milliounen Dollar an den USA agespillt, wat em weltwäit 711 Milliounen Dollar abréngt, esou "Forbes". E Resultat wat d’Urzäit-Echse virun de Star-Cast aus Ocean’s 8 stellt an un d’Spëtzt vun de Kino-Charts stierme léisst.
Am Verglach zum Virgänger, an deem de Chris Pratt a Bryce Dallas Howard och ze gesi sinn, schneit de Film awer däitlech méi schlecht of. Ganzer 200 Milliounen Dollar, also 27 Prozent méi, hat den éischten Deel um US-Start ageholl. Schlussendlech koum Jurassic World op 1,67 Milliarden Dollar, en Ergebnis wat den zweeten Deel, trotz Erfolleg an de Kino Charts, wuel net méi anhuele wäert.