© FREDERIC J. BROWN / AFP
Op et eng Marketing Aktioun ass oder den Tom Holland sech verschwat huet: De Spider-Man Schauspiller leaked offiziellen Titel vum zweeten Deel.
Trotz sengem Dout am "Avengers: Infinity War" kënnt de Spider Man zréck op den Ecran, dat fir säin zweete Solo Film am Marvel Cinematic Universe. D’Filmaarbechte vun der Fortsetzung vun "Homecoming" sollen, dem President vun de Marvel Studios no, spéitstens am Juli ufänken. Den Titel dee bis ewell nach net gewosst war, gouf elo vum Tom Holland verrooden.
De Spider Man Duersteller ass bekannt dofir dat hie keng Geheimnisser fir sech behale kann, dowéinst vertrauen d’Marvel Studioen him u sech och keng méi un. Sou ganz geklappt huet dat awer net: Iergendeen huet dem Tom Holland de neie Skript fir déi zweet Solo Aventure geschéckt, op deem och den neien Titel ze gesinn ass. An dëst Dokument hält de Schauspiller an engem Instagram Video natierlech gutt siichtbar an d’Kamera. Op dat elo eng clever Marketing Aktioun war oder wierklech just e weideren Tom Holland Leak sief mol dohi gestallt. Den Titel steet soumat awer fest: "Spider Man – Far from Home" nennt sech d’Fortsetzung vu "Spider Man – Homecoming".
Wat bis elo nach gewosst ass: D’Filmaarbechten wäerte sech zu engem groussen Deel zu London ofspillen, also wéi den Titel verréit, weit ewech vum Spidey sengem Doheem. Ausserdeem wäert dem Spider Man säi Géigner dës Kéier wuel den Jake Gyllenhall als Mysterio sinn, mee och de Micheal Keaton an der Roll vum Adrian Toomes wäert weiderhin eng kleng Roll hunn. Ënnerstëtzung kritt den Held weiderhi vum Marisa Tomei als Tatta May an dem Zendaya als Michelle. De Regisseur Jon Watts bleift och dee selwechten, an dee bréngt "Spider Man – Far from Home" viraussiichtlech de 4. Juli 2019 an de Kino.