De Franchise ronderëm d'Mäerder-Popp geet weider...

Gutt Nouvelle fir Horror-Fans: Den Chuckie feiert dëst Joer säin 30. Jubiläum.
Grond genuch also fir net just eng eege Serie op der Telé ze produzéieren, ma och an de Kino soll d’Mäerder-Popp erëm kommen.

Geplangt ass e Remake vum Original aus dem Joer 1988.
Detailer ginn et bis ewell nach net , awer sollen d’Aarbechten nach dëst Joer ufänken.
Et kéint also duerchaus sinn, dass den 8. Deel vum Franchise schonn nächst Joer erauskënnt.

Kuckt hei den Trailer vum leschten Deel: