© Youtube
Neie Film mam Kevin Hart an Bryan Cranston...
2011 ass den Iwweraschungshit Intouchables an de Kino komm. Den Olivier Nakaches an den Éric Toledanos hunn an den Haaptrolle 444 Milliounen Dollar agespillt.
D'Geschicht vum Millionär Philippe, deen un de Rollstull gefesselt ass an ob Hëllef ugewisen ass. Déi kritt hie vum Driss, deen duerch seng skurril, awer och onprofessionell Aart a Weis, dem Phillipe d'Freed um Liewen zréckgëtt. De Beweis dass tëscht zwee komplett verschidde Männer, eng déif Frëndschaft kann entstoen.
Elo soll den 11. Januar 2019 de Remake The Upside erauskommen. D'Handlung soll genee déi Nämmlecht sinn, just zu New York spillen. An den Haaptrolle sinn d'Nicole Kidman, de Kevin Hart an de Bryan Cranston.
Kuckt Iech hei den Trailer un: