Wéi et schéngt, bleift den James Bond männlech...

D’James Bond Filmer ginn et elo schonn zënter 1962.
Ma seelen ass et sou chaotesch hiergaange wéi aktuell. An dat eleng beim Thema Schauspiller.

Den nächsten a 25. Deel soll dem Daniel Craig säi leschte ginn.
Zanterdeem gëtt vill spekuléiert. Ënnert anerem war den Idris Elba am Gespréich. Eng Theorie, déi de Schauspiller elo selwer denoncéiert huet.

An d’Produzentin vum Franchise huet matgedeelt, de Bond-Charakter wäert nimools vun enger Fra verkierpert ginn. Allerdéngs wéilt een dem Bond säi Charakter manner sexistesch gestalten an seng Roll mat staarke Frae kombinéieren.