E Stéck Kandheet kënnt an de Kino...

Et si kleng Männercher, déi wuel an all Kannerzëmmer ze fanne sinn : Egal ob als Ritter, Polizist oder Dokter. Playmobil!

Nodeems Lego mat The Lego Movie (2014) virgeluecht huet, zitt och Playmobil elo mat eegenem Kinofilm no.

Dëse soll e Mix aus Realverfilmung an Animatioun sinn.

D'Synchronspriecher si keng aner wéi den Adam Lambert, d’Meghan Trainor an den Harry-Potter-Duersteller Daniel Radcliffe.

Den 15. August 2019 kennt de Playmobil-Film an de Kino.