© Youtube
Kritt Black Panther mam Chadwick Boseman eng Forsetzung?
Black Panther ass bis elo den erfollegräichste Film vum Joer 2018.
Mat 1,3 Milliarden Dollar Profit klasséiert en sech och an der Top 10 vun den erfollegräichste Filmer vun allen Zäiten (Positioun 9).
Keen anere Superheld huet bis haut an engem Solo-Film souvill Leit an de Kino gezunn.
Bei sou engem Succès léisst eng Fortsetzung logescherweis net laang op sech waarden.
Eng offiziell Confirmatioun vu Marvel oder Disney bleift aktuell nach aus, awer huet de Realisateur, de Ryan Coogler verroden, den zweeten Deel ze produzéieren an och d’Dréibuch ze schreiwen.
Fréistens 2021 kéint den zweeten Deel dann erauskommen.
Kuckt hei den Trailer vum éischten Deel: