© Youtube
Den 18. Januar 2019 kennt de Psychothriller an de Kino...
Virun 2 Joer ass de Psychothriller Split an de Kino komm.
Dësen huet d’Geschicht vum Kevin Crumb erzielt. E Mann mat multipler Perséinlechkeets-Stéierung. An him verstoppen sech 23 verschidde Personnagen. Déi eng frëndlech, déi aner geféierlech.
E Film, dee virun allem wéinst der exzellenter schauspillerescher Leeschtung iwwerzeegt huet.
Kuckt hei den Trailer vu Split:
D’Fortsetzung Glass soll den 18. Januar 2019 erauskommen a wéi et schéngt, nach eng Schëpp dropleeën.
Eng Kombinatioun tëscht de Produktiounen Unbreakable (2000) a Split (2016).
De neisten Trailer verréit elo villes zu der Story: