No 1992 soll elo en anscheinend en zweete Film an de Kino kommen...

1940, also virun 78 Joer, hunn de Joseph Barbera an de William Hanna d’Serie Tom & Jerry an d’Liewe geruff. Bis 1967 goufen 161 kuerz Animatiounsfilmer produzéiert. Dës sinn ufanks just am Kino gelaf, dono och am Fernseh. Zënter 1976 och am däitschsproochege Raum.

D’Geschicht ass relativ einfach: De Kueder Tom probéiert Episod vir Episod, d’Maus Jerry ze fänken. Hei entwéckelt sech ëmmer eng spektakulär Verfolgungsjuegd mam witzegen Amenter. Meeschtens zitt den Tom allerdéngs de Kierzeren.

13x war d’Serie fir en Oscar nominéiert. 6 Episode goufen dann och ausgezeechent.

1992 ass och en ganz eegenen Animatiounsfilm erauskomm ass.

Variety no, plangt Warner Bros. elo eng Neiverfilmung. Dës soll eng Mëschung aus Realverfilmung an Animatioun sinn.

De Regisseur soll anscheinend den Tim Story sinn. Hien war och fir d’Verfilmung vu Fantasic Four responsabel.

Confirméiert gouf bis elo awer nach Näischt.