Halloween iwwertrëfft aktuell all d'Erwaardungen...

Freides, den 19. Oktober ass den Horror-Film Halloween an den USA ugelaf.

De Film ass eng Fortsetzung a spillt 40 Joer nom éischten Deel. De Serie-Mäerder Michael Myers ass ausgebrach a kënnt zréck an Haddonfield. Do stellt hien sech op e Neits géint d’Laurie Strode, dat dës Kéier awer preparéiert ass.

An den USA huet de Film um Opening-Weekend all d’Erwaardungen iwwertraff. 77 Milliounen Dollar huet de Film hei agespillt. An domadder war et deen zweetbeschte Start vun engem Horror-Film vun allen Zäiten. Just IT aus dem leschte Joer hat nach méi Succès. Mat responsabel ass e Groussdeel vun der Original-Besetzung, sief dat den John Carpenter, den David Gordon Green oder d’Jamie Lee Curtis.

Zu Lëtzebuerg leeft Halloween Mëttwochs, den 24. Oktober un.