© Youtube
D'Produzenten vun Insidious: The Last Key, bréngen e neien Horrorfilm eraus...
De Besuch an engem Escape Room ass an de leschte Joren ëmmer méi beléift ginn. Enner Kollege muss een zesummeschaffen, Hiweiser fannen an Aufgabe léisen, fir aus engem Raum ze entkommen. Allerdéngs spillt den Escape Room och mat enger Angscht: D'Angscht an engem Raum agespaart ze sinn an net méi erauszekommen.
Och Hollywood spréngt op den Zuch op a bréngt ufanks nächst Joer den Horrorfilm Escape Room eraus. Eng Grupp vun héich intelligente Leit gëtt an de bekanntlech schwéiersten Escape Room vun der Welt invitéiert.
Deen et fäerdeg bréngt auszebriechen, gewënnt eng Millioun Dollar.
Wat d'Grupp net weess: Wien et net packt, stierft!
Escape Room erënnert staarkt un de Saw-Franchise. An all eenzel Raum gi Falen ausgeléist, déi nom Oflafe vun der entspriechender Zäit, zum Dout féieren. , sou zB duerch Verbrennen.
Passend zu Halloween ass elo den éischten Trailer dobaussen: