D' Katherine Langford, bekannt als Hannah Baker aus 13RW spillt am nächsten Avengers mat!

Wéi elo bekannt gouf, soll d'Katherine Langford am Avengers 4 eng Roll iwwerhuelen. Wéi e Charakter d' Katherine spille soll, ass allerdéngs nach net gewosst. Héchstwahrscheinlech, kritt et awer éischter eng méi kleng Roll, sou den online Entertainment Magazin "the Wrap".

Genau Detailer iwwert d'Roll ginn et bis elo nach net, mee gewosst ass, dass d`Katherine d`Dréiaarbechte schonn ofgeschloss huet an ee soumat eng grouss Roll ausschléisse kann.
D'Katherine war fir seng Roll als Hannah Baker an der Serie “13 Reasons Why“ 2018 fir de Golden Globe nominéiert. No der zweeter Staffel huet et dann awer d'Serie verlooss. Mat der kommender Netflix-Horrorserie “Cursed” ass et awer 2019  erëm um Ecran ze gesinn.

Am "The Avengers 4" kommen d'Marvel-Helde wei den Iron Man, Hulk, Thor, Captain America a Co. Fir eng eng véierte Kéier zesumme fir d`Welt ze retten. De Film soll viraussiichtlech am Mee 2019 an de Kino kommen.