© Alex Edelman AFP
Den Tom Cruise spillt wuel keen Jack Reacher méi...
En drëtten Deel vun der Filmrei “Jack Reacher” soll et net méi ginn. E Grond dofir soll dem Tom Cruise seng Gréisst sinn.
Vill Fans vun de Jack Reacher Bicher konnte sech beim éischte Film net mat der Besetzung vum Tom Cruise an der Haaptroll ufrënnen. Grond ass, dass d'Haaptroll an de Bicher en 1,96 Meter groussen ass, den Tom Cruise awer mat sengen 1,70 Meter fir vill Leit net d'Optimalbesetzung ass a soumat ni vun de Lieser akzeptéiert gouf. Den Auteur Lee Child huet d'Protester vun den Zuschauer als Excuse geholl, firwat de Film an de Kinoskeesen net gutt ofgeschnidden huet. Ronn 50 Milliounen Dollar manner wei beim Virgänger konnte beim zweeten Deel agespillt ginn.
No dem leschten Deel “Jack Reacher: Never Go Back” ass eng Serie geplangt mat engem neien Haaptduersteller deen de Jack Reacher méi verkierpere soll. Bis November 2018 soll en finale Plang stoen.