De Micheal Keaton spillt de John McAfee.

Nodeems eigentlech de Johnny Depp an der Roll vum John McAfee virgesi war, ass de Choix elo offiziell op de Michael Keaton gefall. Dësen ass ënnert anerem aus Batman bekannt.

De Film baséiert um Wired-Artikel "John McAfee's Last Stand", deen e verstéiert, awer och faszinéierend Bild vum exzentreschen Tech-Guru weist.

D'Roll vum Wired-Journalist, deen ufanks e ganz normalen Interview féiert, dono awer an déi chaotesch Welt vum John McAfee eragezu gëtt, gëtt vum Seth Rogan verkierpert.

Wéini de Film erauskënnt, ass nach net gewosst.