Geet de Captain Jack Sparrow am neien Deel vu Bord?

Am Joer 2017 ass de bis elo leschten a 5. Deel vu Pirates Of The Carribean erauskomm. Dass et dono mat der Filmreih sollt weidergoen, hu sech vill Fans scho geduecht.

Allerdéngs soll de 6. Deel keng Fortsetzung vum Jack Sparrow sinn, mee dem Magasinn Deadline no, an eng ganz aner Richtung goen.
Disney plangt wéi et schéngt e Reboot vum originale Franchise.

Unzeechen, dass et ouni den Johnny Depp wäert weidergoen, ginn et genuch.
De Stuart Bettie, dee bei de leschten Deeler un der Story an och un de Charaktere matgeschafft huet, soll mam Kapp genéckt hunn, wéi d'Fro opkomm ass, ob et ouni de Star-Schauspiller soll weidergoen.

Ob et schlau ass, den Johnny Depp, d'Markenzeeche vun de Pirates Of The Carribean Filmer ze ersetzen, sief mol dohinner gestallt