Huet d'Rebel Wilson an der Ellen Show verroden, dass hatt an deenen nächste 4 Méint e musikalesche Film ophëlt... Schwätzt hatt hei ire vu Pitch Perfect 4?

D'"Barden Bellas" vu Pitch Perfect maache sech wéi et schenkt scho waarm fir an deenen nächste Méint erëm op da Leinwand ze performen. Dës Nouvelle kënnt vun da Schauspillerin Rebel Wilson selwer wéi et an der "Ellen DeGeneres Show" gefrot gouf wat et mat da Foto op hirem Instagram Account op sech hätt. Dass et nach näischt Offizielles soe kann, mee dass et op alle Fall nach e Museksfilm an deenen nächsten 12 Méint dréie wäert, huet et dorops geäntwert. Natierlech kéint een och doraus schléissen dass d’Rebel iwwert en anere Museksfilm schwätzt mee och d’Anna Kendrick, eng weider Schauspillerin vun der Filmrei sot 2017 dass Pitch Perfect 3 net d’Enn vun de Bellas wier.

Pitch Perfect ass eng US-amerikanesch Filmrei déi zënter 2012 am Kino leeft. Et handelt sech em eng weiblech A-capella-Grupp déi sech vu Film zu Film duerch Concourse kämpft an dobäi ëmmer erëm a Streidereien ënnert enee geréit. Pitch Perfect 3 ass mat ronn 180 Milliounen Euro Ëmsaz den zweet beschte Museksfilm deen et jeemools ginn ass. Impressionnant dorun ass, dass de Film bis elo nëmme vu Pitch Perfect 2 getoppt gouf.

View this post on Instagram

❤️❤️❤️❤️

A post shared by Rebel Wilson (@rebelwilson) on