© Eldoradio
No 2 Wochen gouf den éischte Bilan gezunn...
Den 24. Oktober ass déi Lëtzebuerger Produktioun De Superjhemp Retörns an de Kino komm.
An den éischten zwou Wochen sinn iwwer 25.000 Leit de Film kucke gaangen.
Och ass de Film op 4. Plaz vun deenen nationale Prediktiounen, déi zu Lëtzebuerg am meeschte Leit ugezunn hunn
Dobäi waren d’Säll zu engem Groussdeel gutt gefëllt, respektiv ausverkaaft.
Dat zielt souwuel fir déi méi grouss, awer och fir déi lokal Kinoen.
Scho bei der Avant-Première war de Public begeeschtert
Och weist een sech bei der Produktiounsfirma zefridden, ëmmerhin ass de Film gréisstendeels gutt ukomm.
Kuckt hei den Trailer: