Bei der Serie The Walking Dead ass nach laang net Schluss...

The Walking Dead ass eng Serie, déi Fans weltwäit zënter 2009 begeeschtert. Mëttlerweil ass een an der 9. Staffel ukomm.

Den Andrew Lincoln, deen an der Serie de Rick Grimes spillt, wäert an Zukunft net méi mat dobäi sinn.
De Grond: Hien wëll sech méi ëm seng Famill këmmeren.

Säi leschten Optrëtt kritt de Rick an der 5. Episod vun der 9. Staffel.
Hien ass liewensgeféierlech verletzt a flitt mat engem Helikopter fort.

Kee weess, wat geschitt ass, wéi et weidergeet an ob d'Figur iwwerlieft...

Déi Froe sollen an Zukunft beäntwert ginn an zwar a Form vun enger Trilogie. 3 Filmer sollen erzielen, wéi et mam Rick Grimes weidergaangen ass.

De Scott Gimple, Executive Producer an Ex-Showrunner wäert d'Filmer schreiwen. Se sinn also schonn an Entwécklung an d'Produktioun soll 2019 ufänken.