© YOSHIKAZU TSUNO / AFP
Den éischten Teaser vun "Toy Story 4" ass do a stellt eng nei Figur vir.
Fir all d'"Toy Story" - Fans ginn et Neiegkeeten. Nodeems Pixar "Toy Story 4" schonn 2014 annoncéiert hat, gëtt et elo een éischten Teaser. An dësem Teaser gesäit een de Woody an de Buzz an ënner anerem den Här an d'Madame Potato, de Rex, Specky a Slinky Dog. An da kënnt och eng nei Figur dra vir, déi ausgesäit, wéi eng zesummegebastelt Forschette. Dës nei Figur mam Numm "Forky" jäizt am Teaser, datt së net dohi gehéiert. Iwwer d'Geschicht selwer gëtt nach näischt am éischten Teaser erzielt.
Kuckt iech hei den Teaser un: