2019 schéngt fir Kinofans e richteg gutt Joer ze ginn...
D’Joer 2018 geet esou lues awer sécher op en Enn, d.h. et kann een schonn e verfréite Bléck op d’nächst Joer geheien an op d'Kinosfilmer déi erauskomme wäerten:
Ugefaange mat Disney:
Déi weltwäit gréisste Produktiounsfirma bréngt 2019 den Animatiounsfilm Toy Story 4 (03. Oktober) eraus.
Dobäi kënnt dann och nach d’Fortsetzung vum Welthit Frozen (28. November).
Disney plangt fir 2019 dann och eng ganz Partie un Realverfilmunge vu bekannte Klassiker.
Sief et Dumbo (04. Abrëll), Alladin (23. Mee) oder och The Lion King (18. Juli).
Zanter gutt 10 Joer dominéieren dann och d‘Superhelden de Kinoen. An dat wäert 2019 net anescht sinn.
Hei dierf een sech op e neie Spiderman (05. Juli) an och op en X-Men (06. Juni) Film freeën.
Och kënnt mat Captain Marvel (07. Mäerz) eng weiblech Superheldin an de Kino.
E Solo-Film iwwer den Joker (04. Oktober) ass geplangt an et kënnt de laang erwaarten Avengers 4 (25. Abrëll).
Horror-Fans kommen da bekanntlecherweis am Hierscht op hir Käschten.
Sou kënnt zum Beispill d’Fortsetzung vum Stephen King Klassiker IT (06. September) an de Kino.
Kuerz dono dann e ganz neie Saw (Halloween), de mëttlerweil 9. Deel vun der Franchise.
Intressant gëtt dann och e Spin-Off an zwar dee vu Men In Black (14. Juni).
Em wat et goe wäert, ass bis ewell nach net gewosst, ma et wäerte weder de Will Smith, nach den Tommy Lee Jones am Film mat dobäi sinn.
Enn des Joers ass et dann um 6. Deel vum Terminator (21. November) an et kënnt och de neien a 9. Deel vu Star Wars (19. Dezember) eraus. Et ass den Ofschloss vun der aktueller Trilogie.
An hei dierf ee gespaant si, wat Disney ofliwwert. Déi leschten 2 Deeler si jo net allze gutt bewäert ginn.
Interessant gëtt dann och de Summer.
Hei bréngt de Quentin Tarantino Once Upon A Time In Hollywood (08. August) mam Brad Pitt an dem Leonardo Di Caprio eraus.
Et wäert hei em de Seriemäerder Charles Manson goen.