© Youtube
De Klassiker aus dem Joer 2000 kritt wéi et schéngt eng Fortsetzung...
Virun 18 Joer ass de Film Gladiator vum Ridley Scott an de Kino komm.
457 Milliounen Dollar huet d’Produktioun agespillt a 5 Oscar’en gewonnen, dorënner Best Picture a Best Actor fir de Russel Crowe.
Schonn an de fréien 2000er huet de Ridley Scott e Skript fir eng Fortsetzung, respektiv e Sequel geschriwwen. Allerdéngs ass et bis haut net dozou komm.
Elo schafft de Regisseur da mam Peter Craig un engem neien Dréibuch.
Wéi et schéngt soll et hei virun allem ëm den erwuessene Lucius goen. De Bouf vum Lucilla, der fréierer Maîtresse vum Maximus.
Ob de Maximus selwer wäert zréckkommen, ass bis elo nach net gewosst. Ëmmerhin ass dësen zum Schluss vum éischte Film gestuerwen.
Wéini de Film erauskënnt, ass onbekannt.
Virdrunner huet de Ridley Scott nach eng ganz Rëtsch aner Projet’en. Sou zB eng Realverfilmung vum Disney-Klassiker Merlin.
Kuckt hei den Trailer vum éischten Deel: