Wat maachen eis Hausdéier wa mir ausser Haus sinn?

Déi meeschte vun eis hunn en Hausdéier doheem. Sief et méi normaler wéi Hënn, Katzen a Villercher oder méi exotescher wéi Schlaangen oder Spannen.

An bestëmmt huet sech all Besëtzer scho gefrot : Ka mäin Déier schwätzen a mech verstoen? Respektiv wat mécht mäin Déier de ganzen Dag?

Da si Froen, déi de Film Pets am Joer 2016 alleguer beäntwert huet. Net fir Näischt goufe ronn 900 Milliounen Dollar agespillt.

De 4. Juli 2019 soll elo den zweeten Deel erauskommen.

Kuckt Iech hei den éischten Trailer un: