Den 12. November geet Star Wars an eng nei Richtung...

Viru 6 Joer huet den George Lucas d’Rechter vu senger Star Wars Franchise fir 4 Milliarden Dollar un Disney verkaaft. 2015 huet déi nei Produktiounsfirma d’Geschicht no 10 Joer weidererzielt. 3 nei Episoden an 2 Spin-Offs sinn dono erauskomm.

Wéi den Disney-Chef Bob Iger erkläert huet, soll et dono am Kino awer roueg ronderëm Star Wars ginn. Bis op d'mannst 2022 wëll een sech nei organiséieren a kucken, wéi et mat der Franchise soll weidergoen.

Aktuell konzentréiert een sech fir den eegene Streaming-Déngscht Disney Plus, deen am November an den USA erauskënnt, op Star Wars Serien.

Déi éischte Serie, déi direkt am Nover ufänkt, ass The Mandalorian, e Projet vum The-Lion-King-Regisseur John Favreu. Nom Jango a Boba Fett geet et hei ëm e neie Revolverheld, deen am Chaos no den Evenementer an Episod 6 an den donkel Ecker vum Universum ënnerwee ass.

View this post on Instagram

Birthday Surprise

A post shared by Jon Favreau (@jonfavreau) on

An hei huet sech den George Lucas ageschalt. Hien seet, et sollt een sech net op d’Hardcore-Fans baséieren, déi sech e Nostalgie-Faktor erwaarden. Vill méi sollt een sech op Kanner a Jugendlecher konzentréieren, well och si verdéngen eng ganz eege Coming Of Age Story, wéi mir deemools beim Original.