© Youtube
Den Joaquin Phoenix liwwert eng Performance, déi him vläicht esouguer den Oscar abrénge kéint.
Wann een un de Batman denkt, kënnt engem automatesch och den Joker an de Kapp. Eng Figur, där an de leschte Joren ëmmer méi Opmierksamkeet geschenkt gouf. Vläicht och wéinst de Schauspiller Jared Leto, Jack Nicholson a virun allem Heath Ledger. Am neien Joker gëtt de Psychopat elo vum Joaquin Phoenix verkierpert.
D'Story dréint sech ëm den Arthur Fleck. En psychesch kranken, trauregen an einsame Mann a Gotham City ugangs den 1980er Joren. Wärend der Geschicht ass hien op der Sich no senger Identitéit a gëtt ongewollt zum Symbol. No an No gi mir gewuer, wéi aus dem Personnage den Joker gëtt, dee mir aus de Batman Filmer kennen. Méi zu der Story verrode mir op där Plaz bewosst net.
Joker krut eleng bei senger Avant-Première Standing Ovations. Och gouf et beim Filmfestival zu Venedeg de Präis vum gëllene Léiw. Kritiker schwätzen esouguer vun engem Oscar fir den Joaquin Phoenix. Hien hätt sech komplett op seng Roll agestallt. Sief et kierperlech, awer och mental. De Film wier gläichzäiteg däischter, spannend, krass, traureg, verréckt a brutal.
Am Resumé : Joker ass e Film, deen een net verpasse sollt.