Mëtt 2020 soll de Film erauskommen. Elo gëtt awer scho gemunkelt, dass e ganz bestëmmte Personnage nees kéint opdauchen.

2013 ass den "Fast & Furious"-Star Paul Walker bei engem trageschen Autosaccident ëm d'Liewe komm. Dëst ass nach wärend den Dréiaarbechte vum "Fast & Furious 7" geschitt.

Doropshin ass d'Dréibuch ëmgeschriwwen an d'Bridder vum Paul, de Cody a Caleb Walker, als Double engagéiert ginn. Mat Hëllef vun enger moderner Technologie ass d'Gesiicht vum verstuerwenen nodréiglech agefüügt ginn. Sou konnte se dem Schauspiller déi lescht Éier erweisen.

Elo, 6 Joer drop, huet den Daniel Richtman, e bekannten Insider aus der Branche, nees fir Opreegung gesuergt. Och wann hie schonn dacks mat sengen Aussoe richteg louch, ass déi hei schwéier ze gleewen: Hie behaapt nämlech an engem Post op Twitter, dass dem Paul Walker säi Personnage, nämlech de Brian O'Connor, am "Fast & Furious 9" nees soll opdauchen.

Dat léisst natierlech hefteg Diskussiounen aus. Elo heescht et ofwaarden, ob un der Behaaptung eppes drun ass oder net.