© Screenshot YouTube
Den éischten Trailer vum nächste Marvel-Film ass do.
D’Natasha Romanoff (Scarlett Johansson) ass eng Spezialagentin vu S.H.I.E.L.D. (Strategic Homeland Intervention, Enforcement and Logistics). Ënnert hirem Decknumm "Black Widow" kämpft si zesumme mat den Avengers - enger Grupp vun decidéierte Superhelden zu deenen ënner anerem de Captain America, den Ironman an den Hulk gehéieren - géint d’Verbriechen a suergt fir Uerdnung a Gerechtegkeet.
Elo soll d'Black Widow awer zeréck op d’Leinwand an dëst an engem Prequel iwwert hiert Liewen. Iwwert de Film ass nach net vill bekannt, en éischten Trailer gëtt awer schonn, vereenzelt Ablécker an dat wat ons erwaart.
Zäitlech spillt de Film warscheinlech no "Civil War" a virun "Infinity War".
Den Trailer weist och Ausschnëtter aus de Marvel-Filmer "Avengers", "Avengers 2" an "Captain America". Dës Informatioun kéint bedeiten, dass de Film zäitlech no dëse Filmer spillt, leider kann een dat bei Marvel ni sou sécher soen, vu dass de Filmstudio dofir bekannt ass, seng Fans op falsch Fäerten ze leeden.