De Mëttwoch 4. Dezember gouf den offiziellen Trailer released.

Ufanks Abrëll 2020 soll "James Bond – No Time To Die" an de Kinoen ulafen. En Teaser op den Trailer ass de Sonndeg den 1. Dezember op der offizieller Twitter-Säit an op YouTube verëffentlecht ginn. E Mëttwoch gouf dann de ganzen Trailer vum ganze Bond-Film publizéiert.

Kuckt hei:

Nieft dem Daniel Craig spillen och d'Naomi Harris, de Ralph Fiennes, Ben Whishaw, Jeffrey Wright an d'Léa Seydoux mat an och de Rami Malek kritt eng Roll. Richteg bekannt ass dëse ginn duerch d'Roll vum Freddie Mercury am Film "Bohemian Rhapsody".