De Soundtrack zum aktuellen Disney-Film huet et op d'1 vun den Downloadcharts gepackt.
Den 20. November ass Frozen 2 an de Kino komm.
Laang war den éischten Deel aus dem Joer 2013 den erfollegräichsten Animatiounsfilm vun allen Zäiten.
Mat responsabel fir de Succès vum Film war de Soundtrack. Elleng Let It Go kruet en Oscar an de Video huet eleng op Youtube ronn 2 Milliarde Views. Verdéngt kruten d'Idina Menzel an d'Kristen Bell (am Film d'Synchronspriecher vum Anna an Elsa) viru Kuerzem och e Stär um Hollywood Walk of Fame. Produzéiert gouf d'Lidd deemools vum Komponisten-Duo Kristen an Anderson-Lopez.
Déi nämmlecht Komponiste goufen och fir d'Fortsetzung engagéiert. Elleng si hu siwe Songs produzéiert, dorënner d'Lidd Into The Unknown.
De Soundtrack huet et elo rezent an den USA un d'Spëtzt vun den Downloadcharts gepackt. An dat ass fir e Soundtrack vun engem Film oder enger Serie, hautesdags schonn eng aussergewéinlech Leeschtung.