Den Iwweraschungshit vun DC kritt nächst Joer eng Fortsetzung.

2017 huet DC-Comics no Justice Leage e Solofilm vum Wonder Woman an de Kino bruecht. En Iwweraschungshit, deen net just d'Fans, ma och iwwer 90% vun de Kritiker weltwäit iwwerzeegt huet.

Den zweeten Deel spillt am Joer 1984 am kale Krich. Hei geréit d'Wonder Woman an de Konflikt tëscht den USA an der Sowjetunioun a muss géint de Maxwell Lord an d'Cheetah kämpfen.

Mat dobäi sinn de Chris Pine, d’Kirsten Wiig, d’Robin Wright, de Pedra Pascal an natierlech d’Gal Gadot. Regisseur ass erëm d’Patty Jenkins.
De Sountrack kënnt vum Hans Zimmer.

Wonder Woman 1984 kënnt am Juni 2020 an de Kino.