Den Iwweraschungshit aus dem Joer 2019 kritt eng Fortsetzung

Et gi Filmer, déi sinn einfach Kult. Sou zum Beispill Jumanji mam Robin Williams aus dem Joer 1995. 2017 ass d’Geschicht nei adaptéiert ginn. Mat The Next Level kënnt elo nach virun de Feierdeeg d'Fortsetzung bei eis an de Kino.

Eng Kéier Deel vun engem Videospill sinn. Dësen Dram hu vill Gamer op der ganzer Welt. Ma dass dat bäi wäitem net esou lëschteg ass, wéi bei Virtual Reality, dat huet de Film Jumanji bewisen. An der Fortsetzung huet de Spencer d’Spill reparéiert a gëtt op e Neits an d’Welt eragesaugt. Sou starte seng Kolleegen eng Rettungsmissioun, bei där allerdéngs verschidde Saachen net no Plang verlafen. Net just d’Videospill a seng Welt huet sech geännert, ma och verschidde Persoune ginn ongewollt Deel vun Jumanji.

De Remake vun Jumanji war 2017 en Iwweraschungshit. Net fir Näischt huet een um Konzept an un de Schauspiller festgehalen. Gelueft gëtt virun allem d’Leeschtung vum Kevin Hart an dem Dwayne Johnson, déi eng uerdentlech Portioun u Witz mat erabréngen. Gekoppelt mat e puer neien Elementer huet een hei eiser menger Meenung no alles richteg gemaach. Och d'Kritiker gesinn de Film zu engem Groussdeel positiv.