© AFP
34 Joer nom éischten Deel soll elo den zweeten Deel an d'Kinoe kommen.
Op der Comic-Con-Foire zu San Diego huet den Tom Cruise ganz onerwaart annoncéiert dass et eng Suite vun “Top Gun” wäert ginn. Nodeems den éischten Deel 1986 eraus komm ass, hätte seng Fans elo laang genuch gewaart. De Studio „Paramount“ wëll de Film am Summer 2020 an d’Kinoe bréngen.
Am „Top Gun: Maverick“ spillt den Tom Cruise op e Neits de Kampfpilot Pete „Maverick“ Mitchell. Weider spillen och de Val Kimer, d’Jennifer Connelly, de Jon Hamm, de Miles Teller an den Ed Harris mat. De Joseph Kosinski, deen ënnert anerem fir „Oblivion“ bekannt ass, wäert d‘Regie iwwerhuelen.
Den Original-Film hat méi wéi 357 Milliounen Dollar agespillt. De Soundtrack „Take My Breath Away“ krut een Oscar an ee Golden Globe, zwee mol an der Kategorie “Best Song”.