De Quentin Tarantino plang viru senger Pensioun nach ee grousse Film.

De Quentin Tarantino gehéiert zu den erfollegräichsten, bekanntsten, a kontroverste Regisseuren eiser Zäit.
Am Summer huet hie säin néngte Film Once Upon A Time In Hollywood mam Brad Pit a mam Leonardo DiCaprio an de Kino bruecht. Rezent gouf et fir d'Produktioun fënnef Golden Globe Nominéierungen.

Virun der Pensioun soll nach ee weidere Film kommen, mat deem de Regisseur sech awer nach e puer Joer Zäit wëll huelen. Wéi et schéngt, stinn d’Chancë fir Kill Bill 3 guer net mol sou schlecht. D’Schauspillerin Uma Thurman hätt den Tarantino wéi et schéngt fir eng zukünfteg Fortsetzung mat an d’Boot geholl.

Op de Film elo tatsächlech Realitéit gëtt, bleift ofzewaarden. Decidéiert ass de Regisseur nach net. Virrang huet fir hien aktuell nach en Theaterstéck an eng Serie.