© Youtube
Den Iwweraschungshit vun DC kritt nach e puer Fortsetzungen.
2017 huet DC-Comics no Justice Leage e Solofilm vum Wonder Woman an de Kino bruecht. En Iwweraschungshit, deen net just d'Fans, ma och iwwer 90% vun de Kritiker weltwäit iwwerzeegt huet.
Den zweeten Deel spillt am Joer 1984 am kale Krich. Hei geréit d'Wonder Woman an de Konflikt tëscht den USA an der Sowjetunioun a muss géint de Maxwell Lord an d'Cheetah kämpfen.
Mat dobäi sinn de Chris Pine, d’Kirsten Wiig, d’Robin Wright, de Pedra Pascal an natierlech d’Gal Gadot. Regisseur ass erëm d’Patty Jenkins.
De Sountrack kënnt vum Hans Zimmer.
Vun der Fortsetzung schéngt een elo schonn esou iwwerzeegt ze sinn, dass ee schonn en drëtten Deel komplett ausgeschafft hätt. Dobäi kënnt och nach e Spin-Off iwwer d’Virgeschicht vun den Amazonen. Dat huet d’Regisseurin Patty Jenkins viru kuerzem an engem Interview confirméiert. Et wéilt een sech awer Zäit loossen, ënnert anerem well d’Schauspillerin Gal Gadot och nach aner Verflichtungen hätt.
Wonder Woman 1984 kënnt am Juni 2020 an de Kino.