© Youtube
Jumanji: The Next Level iwwertrëfft sämtlech Erwaardungen.
Den 11. Dezember ass Jumanji: The Next Level an de Kino komm.
De Film huet elo schonn a kuerzer Zäit net just säi Virgänger iwwertraff, ma och sämtlech Erwaardungen. Iwwer 200 Milliounen Dollar huet de Film mam Kevin Hart an Dwayne Johnson bis elo weltwäit agespillt.
Wien de Film gesinn huet, dee weess, eng weider Fortsetzung wier vun der Story hir, gutt méiglech. Et kéint een sech ënnert anerem e Beispill um Original huelen an de nächsten Deel erëm an der reeller Welt spille loossen.
Den drëtten Deel wier awer warscheinlech ouni den Jack Black. Dësen huet jo ugekënnegt, geschwënn wëllen an d’Pensioun ze goe fir méi bei senger Famill ze sinn. Confirméiert ass bis elo awer nach Näischt.