© YouTube
Den 18. Dezember geet e Stéck Filmgeschicht op en Enn. "Star Wars Episode IX" markéiert de Schluss an di grouss Final vun der Skywalker-Saga.
Stellt iech vir dir sidd zum Schluss vun enger laanger Rees. Kuerz virun der Destinatioun sidd dir frou, opgereegt, nervös, onsécher, voller Erwaardungen a vläicht och nostalgesch. Genee esou geet et aktuell de Fans vu Star Wars. Well no 42 Joer geet d’Saga mat "Star Wars Episode IX: The Rise Of Skywalker" op en Enn.
Nach éier de Film iwwerhaapt erauskomm ass, goufen scho Rekorder gebrach. Nach ni goufen an der éischter Stonn esouvill Tickete bestallt. Et sinn elleng 45% méi wéi demols bei "Avengers: Endgame".
Wat d'Story ugeet ass wéi gewinnt net vill gewosst. Fest steet, de Widderstand vun de Rebelle ronderëm d'Rey, plangt e leschten Ugrëff op d’Truppe vum Kylo Ren, déi hinnen eleng un der Zuel haushéich iwwerleeë sinn.
Schonn déi verschidden Traileren hu verschidde Froen opgeworf: Firwat ass d’Rey mat engem roude Liichtschwäert ze gesinn? Wat geschitt mam Droid C-3PO? Ass de béisen Imperator wierklech zréck?
D'Daisy Ridley huet sech an engem Interview dann och begeeschtert iwwer den Imperator gewisen. Et wier ee vun de wichtegsten a geféierlechste Personnagen aus dem Star-Wars -Universum. Säi Retour wier fir den Ofschloss vun der Geschicht immens wichteg. D'Fans missten sech awer keng Suerge maachen. Während dem Film géif alles erkläert ginn.
De Regisseur J.J. Abrams huet dann och Grousses versprach: Ech verstinn d'Suerge vun de Fans. Ma ech wëll eng Verbindung zu den aneren 8 Filmer opbauen. Ech selwer kennen net vill Geschichten, déi sech géinter Schluss net mat deem befaasst hunn, wat virdrunner geschitt ass. D'Fans wäerte net enttäuscht ginn. No 42 Joer wëll een als Fan natierlech, dass déi laang Rees derwäert war. Dass ee schlussendlech zefridden ass. De Schluss soll gläichzäiteg emotional sinn, awer och Gléck bréngen. Genee dat wäert antreffen.
Am Allgemengen weisen sech sämtlech Bedeelegt begeeschtert.
Mëttlerweil hunn déi éischt Kritiker hir Meenung verëffentlecht an déi fällt zu engem Groussdeel immens positiv aus. Et schwätzt ee vun engem gelongenen Ofschloss vun der Saga, deen virun allem op d´Wënsch vun de Fans ageet.
Mir perséinlech kënnen et kaum erwaarden, Episod 9 am Kino ze gesinn.
May the force be with you...