© Bryan Bedder / AFP
Am Ufank vum Joerdausend war Jackass absolutte Kult. An den nächste Jore kënnt eng Fortsetzung an de Kino.
Am Ufank vum Joerdausend ass kaum ee laanscht de Fernseesender MTV komm. Vun 2001 un huet hei virun allem Jackass Kultstatus erreecht. Haut schwéier virstellbar, ma den Johnny Knoxville, de Steve-O an de Bam Margera hunn deemools einfach de Nerv vun der Zäit getraff. Fäkalhumor, Selbstverstümmelung a skurril Eegeversich. De But war et, de Public an all Episod ze schockéieren. Simpel, ma effikass.
Dobäi sinn an de Joren 2002, 2006 an 2010 dräi Filmer an de Kino komm. Am Joer 2013 de Spin-Off Bad Grandpa. Produktiounen, déi trotz klengem Budget weltwäit zesumme 487 Milliounen Dollar agespillt hunn.
An den nächste Jore soll eng weider Fortsetzung an de Kino kommen. Dat hu Paramount Pictures an den Johnny Knoxville confirméiert.
Ob d'Schauspiller aus dem Original erëm wäerten optrieden, ass net gewosst. Ëmmerhin hunn d'Stare schonn iwwer 40 Joer. Fest steet, dass de Vincent Margera an de Ryan Dunn net mat dobäi sinn. Béid Charaktere sinn an de leschte Jore verstuerwen.
Schonn 2018 huet den Johnny Knoxville ugekënnegt, eventuell neie Schauspiller eng Chance wëllen ze ginn.
Jackass 4 kënnt de 5. Mäerz 2021 an de Kino.