2021 kritt ee vun den erfollegräichste Filmer iwwerhaapt, eng Fortsetzung.

Am Abrëll dëst Joer ass "Avengers – Endgame" an de Kino komm. Mat ronn 2,8 Milliarden Dollar Akommes ass et den erfollegräichste Film vun allen Zäiten. En Titel, deen 10 Joer laang de Film Avatar fir sech behale konnt.

Ma den James Cameron plangt bis 2024 nach véier weider Fortsetzungen. An de Regisseur huet ugekënnegt, dass Avatar 2, dee Chrëschtdag 2021 an de Kino kënnt, Avengers erëm wäert hannert sech loossen. Den James Cameron versprécht nämlech eng Kinosrevolutioun an dee wuel gréisste Filmprojet, deen et an Hollywood jeemools gouf. Och wéilt ee bei de Spezialeffekter eppes komplett Neies bidden.

Villes sprécht also fir de Regisseur a seng Ausso. Allerdéngs heescht et Ofwaarden, ëmmerhinn wäert den éischten Deel 2021, schonn 12 Joer um Bockel hunn. Schwéier virzestellen, ob et d'Fans vun deemools, och an Zukunft erëm wäert an de Kino zéien.