© Youtube
De Film "Cats" beweist aktuell: Eppes iwwer de Knéi ze briechen, huet nach ni eppes Guddes bewierkt.
Cats gehéiert zu den erfollegräichste Musicals vun allen Zäiten. Zanter 1981 gëtt d'Geschicht op der ganzer Welt mat Succès opgefouert.
Manner Succès huet allerdéngs d'Verfilmung vum Kult-Musical, déi dëser Deeg an de Kino komm ass. De Kritiker no ass de Film eng eenzeg Katastroph. Och beim weltwäite Public fällt d'Produktioun duerch. Virun allem wéinst de banaliséierten Effekter. Do hëllefen och keng grouss Schauspiller wéi Taylor Swift, Jennifer Hudson, James Cordan, Idris Elba, Jason Derulo oder Ian McKellen.
Elo huet sech allerdéngs de Regisseur zu Wuert gemellt a gëtt zou, dass de Film, wéi och schonn den Trailer, iwwer de Knéi gebrach gouf. Déi visuell Effekter wiere bei wäitem nach net fäerdeg gewiescht. An Zukunft soll also eng nei, iwwerschaffte Versioun an de Kino kommen.
Schonn zanter Woche probéiert de Regisseur vu sech ofzelenken. D'Kritik géif virun allem vu Leit kommen, déi d'Geschicht vum Musical net kennen. Et hätt ee schonn ëmmer gewosst, dass Cats kee richtegen Animatiounsfilm gëtt. D'Schauspiller sollten net wéi Kazen ausgesinn, ma sech just wéi Kaze behuelen.
Ob déi nei Versioun an Zukunft besser ofschneit, bleift ofzewaarden.