Remakes vu bekannte Klassiker si seelen eng gutt Iddi. Heiansdo kann d'Neioplag allerdéngs och funktionéieren. 

Lucy Liu, Cameron Diaz an Drew Barrymore. Dräi Schauspillerinnen, déi mir virun allem als Trio mam Film "3 Engel für Charlie" verbannen. 16 Joer nom leschten Deel, kënnt elo mat Charlie's Angels, e neie Remake an de Kino.

D’Geschicht vum Remake ass dem Original zum Groussdeel trei bliwwen. D’Elena (Naomi Scott), ass eng Wëssenschaftlerin, déi eng nei, nohalteg Energiequell entwéckelt huet. Dës kéint an de falschen Hänn allerdéngs als Waff benotzt ginn. Sou sicht d’Elena Hëllef bei der Townsend-Agency. Hei probéiere Spiouninnen, och nach Engele genannt, d’Welt viru Katastrophen ze schützen. Un der Spëtzt steet den Charlie. E Mann, dee kee kennt an nach kee jeemools gesinn huet. Seng Missioune ginn dowéinst ëmmer per Lautsprecher iwwermëttelt.

Déi dräi Engele ginn am Remake gespillt vum Kristen Stewart, Ella Balinska an Elisabeth Banks. Schauspillerin, déi der Geschicht, de Kritiker no, frësche Wand vermëttelen. Virun allem als Trio funktionéiert de neie Cast a bréngt am Film och deen een oder anere witzege Moment. D’Story ass de Kritiker no, allerdéngs relativ langweileg erzielt. Kann een sech, eiser Meenung no, iwwer déi roueg Feierdeeg awer definitiv ukucke goen.