© YouTube
Den éischte Horrorfilm vum Joer 2020 fällt beim Public an de Kritiker komplett duerch.
Horrorfilmer sinn ëmmer esou eng Saach. Déi eng kënnen domadder guer näischt ufänken, anerer kréie guer net genuch vu brutale Schockmomenter. Deen éischte Grujelfilm fir d’Joer 2020 ass The Grudge.
D’Geschicht dréint sech ronderëm e béise Geescht, dee Besëtzt vun engem Haus ergräift, an deem e brutale Mord geschitt ass. Jiddereen, deen dono d’Haus betrëtt, gëtt vum Fluch befall an attackéiert. Sou och d’Polizistin Muldoon, déi probéiert, de Mord am Haus opzeklären.
Am Joer 2000 ass a Japan de Film "Juon – The Curse" an de Kino komm. 2004 koum déi us-amerikanesch Neiverfilmung "The Grudge". An d’Geschicht gouf elo op e Neits opgewiermt, an zwar vum Nicolas Pesce, deen an der Vergaangenheet eigentlech gutt Filmer gemaach huet. Mat senger aktueller Produktioun huet hie sengem Ruff allerdéngs liicht geschuet.
Horrorfilmer kréien traditionell éischter schlecht Bewäertungen. Bei The Grudge sinn se allerdéngs ënnerierdesch. De Film fält bei de Kritiker a beim Public komplett duerch. Et schwätzt ee vun enger langweileger Geschicht, déi just zum Schluss wierklech als Horror ze bezeechnen ass. D'Schockmomenter, respektiv d’Jumpscares wiere virauszegesinn, schlecht gemaach an net besonnesch grujeleg. De Regisseur probéiert dann och, de Charakter méi Spillraum a Virgeschicht ze ginn. Sou mengt een awer mat Amenter, et kuckt een en Drama, a keen Horrorfilm.
Fazit vun de Kritiker: De Potential vun der Franchise, dem Regisseur an de Schauspiller gouf ganz kloer verschwent.
Eis perséinlech huet den Trailer richteg Loscht op The Grudge gemaach. Elo iwwerleeë mir eis e Besuch am Kino awer léiwer zwee Mol...