D'Produzentin vun James Bond huet sech an engem Interview iwwer d'Zukunft vum Spioun geäussert. Hei ass et virun allem ëm Schauspiller gaangen.

Am Abrëll 2020 kënnt de 25. James Bond mam Titel No Time to Die an de Kino. Et ass dee fënneften an zäitgläich leschte Film mam Daniel Craig an der Haaptroll. D'Produzentin Barbara Broccoli ass traureg iwwer dem Schauspiller seng Entscheedung, géif se awer verstoen. Säi Charakter géif am neie Film eng emotional an zefriddestellend Conclusioun kréien.

An engem Interview mat Variety huet d'Produzentin sech och iwwer d'Zukunft vum 007 geäussert. De Spioun wäert an Zukunft och weiderhi vun engem Mann verkierpert sinn. Dobäi ass et awer egal, wéi eng Hierkonft oder Hautfaarf de Schauspiller huet. Am Gespréich war jo ënnert anerem den Idris Elba.

Frae sinn an der Franchise immens wichteg an zugläich interessant. Et wéilt een an Zukunft méi staark an onofhängeg weiblech Charaktere kreéieren. An der Roll vum 007-Spioun gesäit d'Produzentin eng Fra awer net. Dat géif eleng net bei déi aner 25. Filmer passen.