De Will Smith an de Martin Lawrence iwwerzeegen och no 17 Joer nach ëmmer als Poliziste vu Miami.

17 Joer ass eng laang Zäit. Dat ass vun der Gebuert bis quasi bei de Führerschäin. Esoulaang huet d’Fortsetzung vu Bad Boys op sech waarde gelooss. Ma elo ass den drëtten Deel endlech am Kino.

De Mike Lowrey an de Marcus Burnett sinn zwee Poliziste vu Miami, déi schonn ëmmer eng Haass-Léift-Bezéiung gefouert hunn. Mat de Joren hu si sech ëmmer manner ze soen. Virun allem well de Marcus lues awer sécher un d‘Pensioun denkt, de Mike awer och weiderhin e Liewen als Supercop wëll féieren. Wéinst dëser Astellung geréit hien enges Daags an d’Viséiert vun engem Attentäter a béid Poliziste mussen op e Neits zesummeschaffen.

One Last Time...

View this post on Instagram

nobody can therapize the @badboys.

A post shared by Will Smith (@willsmith) on

Bad Boys mam Will Smith a Martin Lawrence war ni en typesche Budy-Cop-Film. Ma d’Mëschung aus Emotioun, Witz an Action huet och am neien Deel funktionéiert. De Film lieft vun der Verbindung, déi ee mat den zwee Polizisten opbaut. D’Thema, dass ee lues a lues ze al fir verschidde Saache gëtt, verstäerkt d’Perséinlechkeet vum Film ëmsou méi.

Fazit vun de Kritiker : D’Waarden huet sech gelount an d’Fans goufen net enttäuscht.
Net fir Näischt ass eng weider Fortsetzung, also ee véierten Deel scho confirméiert. Dëse soll awer net esoulaang op sech waarde loossen. Aktuell ass Ufank 2022 am Gespréich.

Bad Boys For Life - Eisen Eldoradio Film vun der Woch. Mir perséinlech wäerten esou séier wéi méiglech am Kino sëtzen.