© Youtube
Dës Woch kënnt zu Lëtzebuerg e Film an de Kino, deen bei den Oscars fir "Best Picture" nominéiert ass.
Wéi wäit dierf Satir an engem Film goen?
Dës Fro ass schwéier ze beäntwerten, ëmmerhi gi Saachen, déi als Witz an Opklärung geduecht waren, séier als Verherrlechung an als Skandal ugesinn. Jojo Rabbit schéngt awer perfekt op dëser Limitt ze balancéieren.
De Film spillt an Däitschland am Joer 1945. Den 10 Joer ale Johannes Betzler ass begeeschterte Member vun der Hitlerjugend. Dass hien en imaginäre Frënn an der Gestalt vum Adolf Hitler huet, bestäerkt d’Situatioun an de Kader vun der Geschicht ëmsou méi.
Enges Daags fënnt hien eraus, dass seng Mam net just Member vum Widderstand ass, ma och e jiddescht Meedchen am Haus verstoppt. No enger Zäit entwéckelt sech tëscht den zwee Kanner eng eesäiteg Libesbezéiung an de klenge Johannes, och Jojo genannt, mierkt, dass déi ganz Nazipropaganda net wierklech Kapp a Schwanz huet. Virun allem wéi déi russesch Arméi an Däitschland amarschéiert...
Jojo Rabbit ass e ganz spezielle Film. D’Story vum satireschen Drama ass bestëmmt net fir Jiddereen. Ma d’Kritiker an de Public sinn zu engem Groussdeel iwwerzeegt. Net fir Näischt ass d’Produktioun bei den Oscars fir Best Picture nominéiert. Och d’Scarlett Johannson kéint en Oscar fir déi bescht Niewenduerstellerin mat Heem huelen.
Wien oppen ass, de Film net ze eescht hëlt an och mol laache wëll, kann sech Jojo Rabbit roueg am Kino ukucke goen.