© Youtube
D'Schauspiller aus dem Original hunn och am neien Deel verschidden Optrëtter.
Am August 2020 kënnt Ghostbusters - Afterlife an de Kino.
Am Film geet et ëm den Trevor, deem säi verstuerwene Bop Member vun de legendäre Ghostbusters war. A sengem alen Haus fënnt de Jong verschidden al Waffen an Utensilien, déi hien zesumme mat senge Kolleegen aus Spaass ausprobéiert. Dës mussen sech awer geschwënn op e Neits géint nei Geeschter beweisen.
Den Original aus dem Joer 1984 ass bis haut Kult. Dowéinst sollen d'Schauspiller Bill Murray, Dan Aykroyd an Ernie Hudson och verschidden Optrëtter am neie Film hunn.
Och den Harold Ramis, deen 2014 gestuerwen ass, soll am Film en Abschid kréien.
De Bill Murray huet dann och an engem Interview d'Dréibuch vum neien Deel gelueft. Et géif vill Famill an Emotioun behandelt ginn an am Film si vill Aspekter, déi grousse Potential hätten.