D'Maskottche vu Sega kënnt no ville Schwieregkeeten endlech an de Kino.

Dës Woch sinn zu Lëtzebuerg e puer interessant Filmer an de Kino komm. Sou ënnert anerem The Call Of The Wild, Fantasy Island oder och Le Prince Oublié. Ganz besonnesch ware mir awer op Sonic the Hedgehog gespaant.

Wien an de 90er Jore gäre Videospiller gespillt huet, deen ass mat Sécherheet net laanscht de bloen, blëtzschnellen Igel Sonic komm. D'Maskottche vun der Entreprise Sega huet am léifste Verfolgungsjuegten an Chillidogs.

Hien ass bei der Regierung allerdéngs net ganz beléift. Op senger Fluch léiert hien op der Äert den Duerfpolizist Tom Wachowski kennen. Trotz Schwieregkeeten am Ufank ginn déi zwee Kolleegen a bekämpfen zesummen de béisen Dr. Robotnik, de plangt, d’Weltherrschaft ze iwwerhuelen.

Verfilmunge vu Videospiller waren an der Vergaangenheet seele gutt. Och wann sech Filmer wéi Alone In The Dark zu Blockbuster entwéckelt hunn, waren d'Fans zum Groussdeel enttäuscht.

Wéi den éischten Trailer zu Sonic erauskomm ass, waren d'Fans entsat, wéi de Charakter vun de Produzenten duergestallt ginn ass. Séier huet een awer reagéiert an op Wonsch vum Public d’Ausgesinn an d’Animatioun vum Sonic ugepasst.

Wéi sou dacks feelt et fir richteg Retro-Gamer allerdéngs u verschidde Kultmomenter, Easter Eggs an Anekdoten. Famille mat Kanner wäerte mam knuffegen a freche Sonic an engem duerchgeknallten, awer sympathesche Béisewiicht, wéi just den Jim Carrey e spille kann, awer zefridde sinn.