© Screenshot YouTube
De klenge bloen Igel konnt net nëmmen an de Videospiller iwwerzeegen.
Fir eng Iwwerraschung huet dann de Film "Sonic The Hedgehog" gesuergt. Wéi den éischten Trailer eraus koum, ass dëse vun engem reegelrechte Shitstorm iwwerrannt ginn. D'Kommentarer vun de Leit an de soziale Medie waren alles mee net positiv. Mee wéi esou dacks, soll een eppes net ze séier an en Tirang klasséieren.
Nodeems de Film ugelaf ass, huet sech erausgestallt, dass de Film alles anescht wéi e Flopp ass. Eleng um éischte Week-End huet de Film ganzer 58 Milliounen US-Dollar agespillt an huet domat dee beschte Start vun enger Videospill-Verfilmung higeluecht.
E puer Deeg drop war de Film scho bei ganzer 70 Milliounen Dollar. Vun elo u kann een definitiv net méi vun engem Flopp schwätzen.