An "TheEllenShow" huet de Chris Pratt Detailer zu sengem neie Film presentéiert.

Den 10. Juni 2021 kënnt Jurassic World 3 an de Kino.

Dës Woch sollen d'Aarbechten um Film ufänken a ronn 100 Deeg daueren. Dat ass verhältnesméisseg vill a wann ee bedenkt, dass ee wëlles huet, quasi iwwerall op der Welt ze dréinen, mécht dës Zuel ëmsou méi impressionant.

Dës Infoen huet de Schauspiller Chris Pratt an engem Interview bekannt ginn. Hien bezeechent de Film, d'Story an d'Produktioun als gewalteg.

Den Ofschloss vun der Jurassic-Franchise fillt sech un wéi Avengers – Endgame vu Marvel. Zum Schluss kënnt all Mënsch zesummen, well och de Cast vum Original soll am drëtten a leschten Deel mat dobäi sinn.