© Youtube
Am Film "The Gentlemen" beweist den Oscar-Gewënner Matthew McConaughey erëm säin Talent.
Iergendwann am Liewe gëtt et Zäit fir an d'Pensioun ze goen. Enges Daags muss een e Gang zréckschalten an enger méi jonker Generatioun Plaz maachen. Wann een awer e Gangster an Drogeboss ass, ass dat guer net esou einfach. Dat verdäitlecht de Film The Gentlemen relativ gutt.
De Mickey Pearson huet sech an de leschte Joren mat senger Schlauheet an enger grousser Portioun u Selbstvertrauen e Marihuana-Imperium zu London opgebaut. Wéi hien seng Plantage verkafe wëll, stéisst hien op allerhand lusch Interessenten. An do si Komplotter, an Erpressunge just eng Fro vun der Zäit...
Ganz nom Motto: Wa scho Gangster, da wéinstens mat Stil!
De Guy Ritchie als Regisseur an de Colin Farell, Hugh Grant, Jeremy Strong, Samuel West an Eddie Marsan als Schauspiller. Dat versprécht Guddes a wann d’Haaptroll un de Matthew McConaughey geet, verstäerkt de positiven Androck ëmsou méi.
The Gentlemen ass en Gangsterthriller gemëscht mat vill Komedie. De Film ass originell, skurril a fir verschidde Kritiker ze zitéieren, "aarschcool". E Film voller Intrigen, coole Spréch a ganz vill Macho. Et si virun allem d’Schauspiller, déi perfekt mateneen harmonéieren. A punkto Charakter ass vun allem mat dobäi.
Allerdéngs ass de Film fir vill Leit vläicht ze vill dës Gudden.
Zanter engem gudde Mount freeën ech mech endlech erëm an de Kino ze goen.