© Matt Winkelmeyer / AFP
De Steven Spielberg hëlt säin Hutt!
Den Indiana Jones ass e bleift fir ëmmer eng Kultfigur fir Kino a Filmfans.
De Succès vun der Franchise ass virun allem dem Regisseur Steven Spielberg an dem Schauspiller Harrison Ford unzerechnen.
De fënneften Deel hat an der Vergaangenheet allerdéngs mat verschidde Problemer ze kämpfen. Sou huet den Harrison Ford, dee mëttlerweil 77 Joer huet, an engem Interview verroden, dass een net just Problemer mat Datum hätt, mee och mam Dréibuch, mat der Geschicht a mat de Schauspiller.
Variety no, huet och elo de Steven Spielberg dem Projet de Réck gedréint. Hien wéilt engem jonke Regisseur mat frësche Visiounen de Projeten iwwerloossen. Experte behaapten allerdéngs, dass hien es anscheinend genuch huet. Hien wéilt allerdéngs gären als Produzent erhale bleiwen.
De Schock bei de Fans ass grouss, och wann de Nofollger James Mangold, an der Vergaangenheet schonn e puer gutt Filmer gemaach huet.
Indiana Jones 5 kënnt am Summer 2021 an de Kino.