© Frazer Harrison / AFP
Den Channing Tatum bréngt nächst Joer eng ganz perséinlech Geschicht an de Kino.
Wien keen Hausdéier huet, kann sech nëmme schwéier virstellen, wéi staark d'Verbindung tëscht Mënsch an Deier ka sinn. Vill Leit gesinn hiren Hond zum Beispill a feste Bestanddeel vun der Famill. Esou ass et och dem Channing Tatum gaangen.
De Schauspiller huet lescht Joer säin Hond verluer. Dowéinst wëll hie säi beschte Kolleeg elo an engem Film éieren. DOG erzielt d'Geschicht vum Zaldot Briggs, deen op d'Begriefnis vu sengem Kolleeg fiert. Mat dobäi ass säin Hond Lulu. De Problem ass, dass den Hond just nach eng Woch ze liewen huet an t'Destinatioun ass iwwer 1000 Kilometer wäit ewech. Sou mussen déi zwee Kolleegen ënnerwee net just den Zäitdrock, ma och verschidden Hindernisser bewältegen.
DOG soll de 14. Februar 2021 an de Kino kommen. Responsabel sinn déi selwecht Produzente wéi och scho bei Magic Mike, Jump Street oder Fatherhood.